Marche Gourmande Mäerzeg a.s.b.l.
ass frou Iech de 17. Mee duerfen ze begréissen.
Dëst Joer féiert Iech eisen Tour vu Mäerzeg bei eis Noperen op Dellen. Op deenen 14 km gitt Dir kulinaresch a musikalesch beschtens versuergt. Ee Sprangschlass fir eis Kleng a soss nach puer Iwwerraschunge sinn och um Rendezvous.
Den Depart ass am Centre Turelbaach. De Wee féiert Iech op d’Haard an de gebrannte Bësch, wou Zopp op Iech waart. Am Alebësch kritt Dir d’Entrée servéiert éier Dir op der Leer eng schéi Vue op Dellen hutt. Nom Apero kënnt Dir Iech de Haaptplat beim Josy zu Dellen schmaache loossen. Iwwert de stengechen Aker an Turelbaach kommt Dir duerch de Wald zréck an de Centre Turelbaach, wou Dir de Dessert mam Kaffi servéiert kritt.
De Parcours ass eng interessant Mëschung aus Bëschweeër, Feldweeër an Asphalt, deen ouni Problem mat enger Trailkutsch gemaach ka ginn.
Fir déi, di mam ëffentlechen Transport wëlle kommen, besteet eng Verbindung vun der Gare Ettelbréck op Mäerzeg an Owes och erëm zréck. Den Horaire fannt dir um Link www.mobiliteit.lu
Fir Iech beschtens encadréieren ze kënnen, wäerte mir d’Unzuel vun de Leit op 800 limitéieren.
D’Aschreiwunge kënne just iwwer eise Site www.mgmaerzeg.lu gemaach ginn a sinn eréischt gëlteg, soubal dir eng Confirmatioun geschéckt kritt a bezuelt ass.
D’Equipe vun der MGM a.s.b.l. seet Iech MERCI
Puer Impressiounen vum Wee 2026
Animatioun
















































