DE WEE

Marche Gourmande Mäerzeg a.s.b.l. 

ass frou Iech de 19. Mee duerfen ze begréissen.

Dëst Joer féiert Iech eise Tour rondreem Mäerzeg. Op deenen 13km gitt Dir kulinaresch a musikalesch beschtens versuergt. Ee Sprangschlass fir eis Kleng a soss nach puer Iwwerraschunge sinn och um Rendezvous. Den Depart ass am Centre Turelbaach. Vun do aus féiert de Wee an de Hälzen, wou Zopp op Iech waart. Dann geet et erof an Turelbaach, wou dir op engem wonnerschéinen Site d’Entrée kënnt genéisen . Duerch de Schwaarzebur geet et erop op Haard, wou dir de Apèro servéiert kritt. Iwwert de Knapp kommt dir duerch de Laangepesch bei de Haaptplat. No deem dir Iech gutt gestäerkt hutt, gidd dir dann erop an Säitert, wou dir e Stéck vun der Mäerzeger Geschicht gesitt – Déi Mäerzeger-Steekaulen. Op Falschend kritt dir de gudden Berdorfer Kéis , éier Drëpp an Knippchen an der Gewann op Iech waart. Zréck am Centre Turelbaach, kritt dir de Dessert mam Kaffi servéiert. 

De Parcours ass eng interessant Mëschung aus Bëschweeër, Feldweeër an Asphalt, deen ouni Problem mat enger Trailkutsch gemaach ka ginn.

Fir déi, di mam ëffentlechen Transport wëlle kommen, besteet eng Verbindung vun der Gare Ettelbréck op Mäerzeg an Owes och erëm zréck. Den Horaire fannt dir um Link www.mobiliteit.lu

Fir Iech beschtens encadréieren ze kënnen, wäerte mir d’Unzuel vun de Leit op 600 limitéieren.

D’Aschreiwunge kënne just iwwer eise Site www.mgmaerzeg.lu gemaach ginn a sinn eréischt gëlteg, soubal dir eng Confirmatioun geschéckt kritt a bezuelt ass.

D’Equipe vun der MGM a.s.b.l. seet Iech MERCI

Puer Impressiounen vum Wee 2024

Animatioun